From the Princess to the Superwoman (article by Madi Lutgen/ Luxembourg)

Posted on

Vun der Prinzessin zum Superwoman

D’Liewe vum Tessy Antony, Prinzessin Tessy de Nassau oder Princess Tessy of Luxembourg bitt wuel genuch Stoff un fir en Blockbusterfilm draus ze dréinen: En jonkt Meedchen aus der Arméi verléift sech an en jonke Prënz. D’Léift ass grouss, déi zwee bestueden sech, kréien zwee Kanner a reesen em d’Welt. Alles schéngt wei an engem Disneyfilm ze lafen…leider ouni Happy End, oder vläicht dach? Mee en anert Happy End wéi erwaart. De Prënz Louis an Tessy annoncéieren am Januar 2017 hir Trennung…

“Mäin Kierper wollt einfach net méi, en huet mir net méi gefollegt”

Tessy setzt sech a fir Kanner a Fraen an der ganzer Welt

“D’Zäit vun der Trennung war eng ganz schlëmm Phase fir mech” erzielt Tessy, wat dee Moment an en Burn out gefall ass. “Mäin Kierper wollt einfach net méi, en huet mir net méi gefollegt”, gëtt d’Mamm vum Gabriel (12) an Noah (11) zou. Ma nik nëmmen dat war en däischtere Moment am Liewe vum Tessy. Hatt hat och mat enger Feelgebuert ze kämpfen. “Wei et mir sou schlecht goung, wousst ech, dass ech Hëllef bräicht an hunn mir en Psychologue zu London gesicht, et geet nämlech nik duer nëmmen en Plooschter op d’Wonn ze pechen”, stellt Tessy fest, wat dowéinst och géint Antidepressiva ass. Zanter hier kuckt hatt wat senger Séil a sengem Kierper gutt deet: “Ech drénke säitdem och guer kee Kaffi méi, just nach decafinéierten, well den anere guer nik gutt ass fir d’Gehir”.

Ech konnt vill vun him leieren a freeë mech drop et geschwënn eng Kéier erëmzeginn

Mir treffen Tessy mat sengen Elteren an engem Restaurant. Si wierke wéi eng ganz normal Famill. Et gëtt gegeckst, gelaacht, vu sengem Zwillingsbrudder a senger Schwëster geschwat a vun hire Kanner. Hat reest sporadesch vu London op Lëtzebuerg, ëmmer da wann säi vollen Agenda et zouléisst: “Ech probéieren sou oft et geet op Lëtzebuerg ze kommen, well Lëtzebuerg ass mäin Doheem, et ass och wichteg fir meng Bouwen, dass si hir Famill reegelméisseg gesinn”. De Gabriel an den Noah gesinn hire Papp genau sou dacks och wann soss kee weidere Kontakt zu der groussherzoglecher Famill besteet, just wann et d’Kanner betrefft. Tessy schwätzt mat hinne Lëtzebuergesch, hire Papp Franséisch an ënnerenee schwätzen si Englesch. Bei de Grousseltere gëtt Lëtzebuergesch geschwat: “Si verstinn eis a wann se eppes vun eis wëllen, da kennen se och Lëtzebuergesch”, laacht dem Tessy seng Mamm, déi mat Kanner geschafft an do vollen Asaz gewisen huet, haut ass si an der Receptioun vum Alen Stadhaus zu Déifferdeng unzetreffen . Ma och säi Papp schafft mat Jugendlechen am Metallatelier an ass politesch ganz aktiv. Tessy huet seng familiär Oder sécher vu sengen Eltere geierft an och seng Energie fir sech anzesetzen, dat spiert een.

Tessy telefonéiert bal all Dag mat sengen Elteren François a Régine Anne Antony
(Fotoen: Leslie Schmit)

Déi schwéier Zäit huet déi 32 Joer al Fra staark gemaach, hatt konnt vill dorausser leieren an sech weiderentwéckelen zu enger richteger Powerfra. Alles dat, wat Tessy haut mëscht léist sech nik an engem eenzegen Artikel opzielen. Hatt setzt sech a fir Kanner a Fraen an der ganzer Welt. Matt engem “BA of Art in International Relations” an der Täsch ass hatt iwwerdeems Director bei Vice Media, déi 75 Millioune Jonker weltwäit erreechen a këmmert sech do als Beroderin haaptsächlech em de Mëttleren Osten, Afrika an Europa.

Wat gëtt Tessy deene Jonken dann als Tipp mat op de Wee? “Hautzedaags huet bal jiddereen en Diplom, dofir ass et wichteg ganz vill Erfarungen ze sammelen” erkläert d’Prinzessin, wat seng Jongen sou vill wéi méiglech mat op Reesen hëlt: ”Si léieren duerch d’Reesen enorm bäi”.

Tessy huet mech positiv iwwerrascht, hatt ass oppen an éierlech a probéiert wierklech eppes ze bewierken. Schued, dass vill Leit nach guer nik wëssen, wat hatt alles mëscht an dass et nik nëmmen d’Ex vum…ass. Mir wäerte sécher nach vill vun him héieren a gesinn. Dem Tessy ass et op alle Fall egal wat d’Leit iwwert hatt denken, hatt mëscht säi Wee mat ganz vill positiver Energie an dat ass säi perséinlecht Happy End. Ech konnt vill vun him leieren a freeë mech drop et geschwënn eng Kéier erëmzeginn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *